Op der Schock
     

Atelier protégé

Atelier protégé Op der Schock Luxemburg

An eisem Atelier protégé zu Réiden schaffen 47 Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung.

Eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

OdS Projekt Wunnstruktur

OdS Projekt Wunnstruktur

 

Eis Wunnstruktur zu Mäerzeg huet hir Dieren opgemaach. Si gouf de 7. Abrëll 2017 a Präsenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen feierlech ageweit.

D’Wunnstruktur ass an 2 Gruppen opgedeelt, an deenen d’Leit an enger familljenähnlecher Atmosphär zesummeliewen. Zu all Wunngrupp gehéiert och een Zëmmer, wou Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung fir ee kuerzen Zäitraum (Weekend, eng oder méi Wochen) oder an enger Noutsituatioun kënnen opgeholl ginn. Ausserdeem ginn et 3 Studioen, an deenen 1-2 Leit méi autonom kënne liewen.

Wann Dir dëse Projet wëllt ënnerstëtzen, kënnt Dir dat maache mat engem Don op de Kont IBAN LU34 0090 0000 4025 0607 (CCRA)

Mir soen Iech villmols MERCI!

Formatioun CPP

Atelier Op der Schock

De CPP, oder Formatiounsdingscht, hëlt Jugendlecher an Erwuessener mat intellektueller Beanträchtegung op, déi net méi schoulflichteg sinn an déi d’Potential hun fir de Statut vum Travailleur handicapé um Schluss vun hirer Formatioun ze kréien. De CPP bereet si vir op d’Aarbecht am Atelier protégé.

D’Missioun vum CPP ass et deemno, Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung eng Formatioun unzebidden, déi hinnen et erméiglecht hir Kompetenze weiderzëentwéckelen, an den Niveau ze erreeche fir kënnen am Atelier Protégé ze schaffen. Zur Ausbildung gehéieren souwuel déi verschidden Arbechtsberäicher, wéi och d’Weiderentwécklung vun der perséinlecher Selbstännegkeet an de Sozialkompetenzen déi néideg sin fir enger Aarbecht nozegoen.

D’Ausbildung ass ugepasst:

• un deem eenzelne Client seng Fäegkeeten, Stäerkten an Interessen,
• an un d’ Ufuerderunge vun der Aarbecht am Atelier Protégé.

Info Flyer Formation CPP

 

Service d’Activités de Jour

Fräizäit a Berodung doheem

Atelier

D’Missioun vum Fräizäitservice
ass et Fräizäitaktivitéiten vir Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung unzebidden, ze organiséieren an z’ encadréieren, an hinnen doduerch d’Méiglechkeet ze ginn um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen.

Eis Zieler sin:

  • Integration an d’Gesellschaft
  • Sozial Isolatioun verhënneren
  • Treffpunkt unbidden
  • Sozial Kontakter erméiglechen
  • Perséinlechkeetsentwécklung ënnerstëtzen
  • Weiderbildungsméiglechkeeten ubidden
  • Selbstbestëmmung
  • Berücksichtegung vun eegene Wënsch an Ideeën
  • Entlaaschtung vir d’Familljen
  • eng Fräizäitgestaltung ausserhalb vun der Famill ubidden

Pro Mount kennt e Programmheft, den „Flizzi“, eraus, wou ënnerschiddlech Aktivitéiten ugebuede ginn, vir déi d’Leit sech jee no Interesse kennen umellen.

weiderliesen ...

Inklusiver Tourismus

Service Inclusiver Tourismus