Op der Schock
     

D’asbl OP DER SCHOCK

Atelier protégé Op der Schock Luxemburg

Atelier protégé Op der Schock Luxemburg

Atelier protégé Op der Schock Luxemburg

Geschützte Werkstätten und Serviceangebote

Atelier

Download Info Flyer ...

 

D’asbl OP DER SCHOCK géréiert Servicer fir Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung. De Sëtz vun der Organisatioun ass zu Réiden/Atert op 34A Räichlerstrooss.

Eis Organisatioun ass an Enn de 60ger Joeren gegrënnt gin als Sektioun vun der Ligue HMC. 1985 gouf aus dëser Sektioun eng eegestänneg asbl mam Numm Ligue HMC section de Redange asbl. An sengen Ufanksjoeren huet d’Sektioun d’Schoul fir Kanner mat enger geeschteger Behënnerung zu Réiden ënnerstëtzt. D’Comitésmemberen (zum Deel Elteren vu Kanner mat enger Bëhënnerung) hun ee Schoulfest organiséiert, Kaarten a Bastelarbechten verkaaft, fir de Kanner eng Vakanz ze bezuelen oder Schoulmaterial ze kafen, well zu déer Zäit war d’Behënnerteschoul nach nët verstaatlecht.

Mee d’Elteren hu sech Suerge gemaach, wou hir Kanner kéinten hin, wann se nët méi schoulpflichteg wiren. Aus dëser Suerg eraus huet d’Sektioun Réiden sech engagéiert, fir een Atelier protégé ze grënnen. Ët gouf décidéiert am Gaardebau täteg ze gin, sou gouf den 24. Oktober 1989 déi éischt Zäer zu Réiden, a Präsenz vun der Grande-Duchesse Josephine-Charlotte ageweiht. Zu déer selwechter Zäit gouf eng coopérative gegrënnt, iwwert déi de Verkaf vun de Planzen gelaf ass. Si krut den Numm OP DER SCHOCK, de Flouernumm vum Site zu Réiden. Den Atelier protégé huet während 10 Joer (vun 1989 bis 1999) als Dépendance vum Centre de Réadaptation vun Capellen (Ligue HMC) fonctionnéiert, iert 1999 d’asbl vu Réiden d’Leedung vun hirem Atelier iwwerholl huet.

2002 gouf dësen Atelier vergréissert, an eng Formatiounsstruktur (Centre de Propédeutique Professionnelle) gegrënnt.

Enn 2005 huet d’asbl vu Réiden ee Service d’Activités de Jour opgemaach, fir Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung daagsiwwert ze betreien an hire Besoin’en ëntspriechend ze förderen.

Säit 1. Januar 2006 géréiert d’Associatioun de Service „Fräizäit- a Berodung doheem“ .

D’Memberen vum Verwaltungsrot vun der Ligue HMC-Sektioun Réiden asbl hu sech verstäerkt Gedanke gemeet ëmt hir Duerstellung no baussen: Den Atelier Protégé gouf iwwert d’Coopérative OP DER SCHOCK géréiert an ass mat eegenem Logo opgetrueden, all di aaner Servicer woren ënnert der asbl gruppéiert a si mam Logo vun der Ligue HMC no bausse getrueden. Fir méi kloer a senger Duerstellung no baussen ze sin, huet d’Associatioun dunn den 2. Juli 2008 an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung hiren Numm geännert an heescht vun do un asbl OP DER SCHOCK. Dëst gouf an engem communiqué de presse der Öffentlechkeet matgedeelt.

Am Joer 2008 huet d’Organisation dann och een neie Logo / Corporate Design präsentéiert.